Search
z.B. München

59.178 Jobs

Logo für den Job Sortierer für Pakete und Briefe in Berlin Kreuzberg (m/w/d)
Deutsche Post AG
location10178 Berlin, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Psychiatrie und Psychotherapie (m/w/d) – MVZ mit Telemedizin – Ruhrgebiet
tw.con
location42551 Velbert, Deutschland
remote100% Home-Office
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Psychiatrie und Psychotherapie (m/w/d) – mit Homeoffice – MVZ
tw.con
location27616 Beverstedt-Heerstedt, Deutschland
remote100% Home-Office
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Allgemeinmedizin (m/w/d) – MVZ mit Telemedizin
tw.con
location15230 Frankfurt (Oder), Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Diabetologie (m/w/d) – MVZ
tw.con
location27804 Berne, Deutschland
remote100% Home-Office
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
salary90 € - 110 € pro Jahr
Logo für den Job Facharzt Hämatologie und Onkologie (m/w/d) – MVZ
tw.con
location56766 Ulmen, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
salary10 € - 140 € pro Jahr
Logo für den Job Facharzt Innere Medizin (m/w/d) – MVZ im Großraum Nürnberg
tw.con
location91575 Windsbach-Wolfsau, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
salary95 € - 115 € pro Jahr
Logo für den Job Facharzt Pädiatrie (m/w/d) – MVZ in Region mit hoher Lebensqualität
tw.con
location16269 Bliesdorf, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Pädiatrie (m/w/d) – MVZ Großraum Leipzig
tw.con
location06679 Hohenmölsen-Granschütz, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Logo für den Job Facharzt Allgemeinmedizin (m/w/d) – MVZ in der Region Erfurt
tw.con
location99084 Erfurt, Deutschland
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute

Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) - focus (Formatioun an Entwécklung)

locationLuxemburg
VeröffentlichtVeröffentlicht: vor 1 Monat

Mir siche fir eise Service focus (Formatioun an Entwécklung): Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch

Mir gleewen un d'Potential vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen. Mir schafen Raim fir Reflexioun, Léieren an Entwécklung. Mir verstinn Berodung net als d'Vermëttele vu fäerdege Léisungen, mee als e gemeinsame Prozess, fir nei Perspektiven ze entdecken an nohalteg Entwécklung méiglech ze maachen.

Deng Aufgaben:

  • Du begleets pedagogesch Équipen an Organisatiounen an hire fachlechen Entwécklungsprozesser

  • Du schafs Geleeënheete fir Reflexioun, Austausch a professionellt Léieren am Alldag

  • Du ënnerstëtz Fachleit bei pedagogeschen, organisatoreschen an teambezunnen Erausfuerderungen

  • Du moderéiers Reuniounen, Workshops a Begleedungsprozesser a förders eng konstruktiv Zesummenaarbecht

  • Du beobachts Praxis, hëls Ressourcë a Potentialer an de Bléck a begleets d'Entwécklung vu passende Léisungen

  • Du begleets Qualitéits-, Konzept- an Verännerungsprozesser a Bildungs-, Betreiungs- an Aide à l’enfance-Strukturen

  • Du schaffs enk mat de Kolleg*innen aus engem multidisziplinären Team zesummen

  • Du dréis zur Weiderentwécklung vu Methoden, Instrumenter a Fachressourcen bäi an entwéckels inspiréierend Formater fir Formatiounen

Däi Profil:

  • Du interesséiers dech fir d'Entwécklung vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen

  • Du kanns vertrauensvoll Bezéiungen opbauen an op Aenhéicht mat verschiddenen Acteuren zesummeschaffen

  • Du lauschters aktiv no, stellst reflektéiert Froen a kanns verschidde Perspektiven zesummebréngen

  • Du hues eng héich Reflexiouns- a Kommunikatiounskompetenz

  • Du kanns flexibel mat komplexe Situatiounen ëmgoen an behäls dobäi den Iwwerbléck

  • Du schaffs selbstänneg, strukturéiert a verantwortungsvoll

  • Eng Ausbildung oder Beruffserfarung an de Beräicher Bildung, Sozialaarbecht, Psychologie, Berodung, Coaching, Organisatiounsentwécklung oder engem vergläichbare Beräich

  • Du beherrschs Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si wëllkomm

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen.

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS.

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen.

  • Eng Aarbechtskultur, déi op Vertrauen, Zesummenaarbecht an Entwécklung setzt.

  • D'Méiglechkeet, Bildung, Betreiung an Hëllefssystemer aktiv matzegestalten.

  • Kontinuéierlech fachlech a perséinlech Weiderentwécklung.

  • D'Méiglechkeet, all Dag dozou bäizedroen, datt Fachleit, Équipen a Kanner vun de beschtméigleche Bedéngunge profitéieren.

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.