Search

Psychosozial Mataarbechter (bac +5) (m/f/d)

locationLuxemburg
remote100% Home-Office
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Pflege

Psychologen oder Psychosozial Mataarbechter (bac +5) (m/f/d)

Als Verstärkung fir de Service OnlineHelp 20h CDI an 30h CDD

Wanns Du en dynameschen an engagéierte Service a senger Weiderentwécklung wëlls begleeden,

eng mënschlech beräicherend an ofwiesslungsräich Erausfuerderung sichs, da freeë mir eis op Deng

Kandidatur.

Deng Missiounen:

  • Mataarbecht an eisem Service vun der Online-Berodung (Mail an Chat)
  • Deeglechen Encadrement a Begleedung vu Benevollen an hirer Aktivitéit
  • Ausschaffe vu Contenue fir d‘sozial Medien an eisen Online-Optrëtt
  • Supervisioun vu Benevolle
  • Ausschaffen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevolle
  • Matschaffen un der Entwécklung an Ëmsetzung vu neie Strategien a Projeten an der Online-Berodung a fir eisen Online-Optrëtt
  • Ënnerstëtzung beim Ausschaffe vu Konzepter
  • Ëffentlechkeetsaarbecht, Präsentatioun vum Service

Däi Profil:

  • Masterofschloss am psychosoziale Beräich (z.B. Psychologie) oder Equivalent
  • Beruffserfarung an eng zousätzlech Ausbildung (z.B. an der Therapie oder Berodung) ass e Plus
  • Staark Empathie an e wäertschätzenden Ëmgang mat anere Mënschen, a besonnesch mat deenen, déi an enger schwiereger Liewenssitua oun sinn
  • Freed un der Zesummenaarbecht mat Benevollen
  • E Sënn fir Diskretioun a Vertraulechkeet; Verantwortungsbewosstsinn; Kommunikatiounsfäegkeet; Autonomie an Teamgeescht
  • Sécheren Ëmgang mat Computerprogrammen (Word, Excel, PPT) an idealerweis Kenntnisser an de soziale Medien/Online-Marketing
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, a Franséischen; gutt Kenntnisser am Engleschen sinn e Plus

Wat mir bidden:

  • Eng sënnvoll an gesellschatlech relevant Aarbecht
  • Zesummeschaffen an enger Ekipp vun héichmo véierte Benevollen an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär
  • Eng ofwiesslungsräich Funktioun tëscht Berodung, Begleedung, Öffentlechkeetsaarbecht, Formatioun a Projeten
  • D‘Méiglechkeet d‘Weiderentwécklung vun engem Service aktiv matzegestalten
  • Eng Remuneratioun nom SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7)
  • Flexibel Aarbechtszäiten, déi op d'Bedierfnesser vum Service (punktuell och mol owes oder um Weekend) wéi och op perséinlech Präferenzen ofgestëmmt ass Homeoffice méiglech
  • Plaz ass direkt ze besetzen

Wanns Du interesséiert bass, da schéck eis Deng Bewerbung (mat engem ausféierlechen CV, enger

Lettre de Motivation an Kopie vun Diplomer an Zertifikater) un Moovijob.com

Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.

Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...
Loading...