Search

NEW Educateur diplômé – Centre Movida (Petit Groupe Mertzig) (M/W/NB))

ARCUS asbl
locationLuxemburg
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Pflege
Vollzeit

Mir sichen fir den Petit Groupe zu Mäerzeg en Educateur diplômé (M/W/NB) fir eng 30 Stonnen/Woch am CDI.

De petit groupe zu Mäerzeg vum Kannerhaus Furen bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.

Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer mat spezifesche Besoinen, 7 Deeg an der Woch, 24 Stonnen den Dag, ze begleeden inklusiv Nuetsschichten, Weekender an op Feierdeeg

  • Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld vun de Jugendlechen

  • Vermettelen vu formalen an non-formalen Inhalter

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen


Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen

  • Du bass verantwortungsbewosst, op fir Neies an kanns souwuel autonom wéi och an der Ekipp schaffen.

  • Du hues d'Fähegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen

Wat dech erwaart:

  • Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn

  • Eng Ënnerstëtzung duerch e motivéiert Team

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten,

  • E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)