Search

Erzéier (m/w/x) 100% CDI - Service Suivi Psychosocial

Fondation Kräizbierg
locationLuxemburg
VeröffentlichtVeröffentlicht: Gestern
Vollzeit

Äre Profil :

  • Dir hutt en zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diplôméierten Erzéier.

  • Dir beherrscht d'Lëtzebuerger Sprooch a hutt eng gutt Maîtrise vum Franséischen an Däitschen.

  • Dir sidd empathesch a kënnt eng vertrauensvoll Relatioun mat de Clients opbauen.

  • Dir sidd motivéiert, nei Projete mat auszeschaffen an Är Iddien anzebréngen.

  • Dir sidd zouverlässeg, flexibel an teamfäeg.

  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B).

  • Erfarung am Beräich vum Handicap an/oder der pädagogescher Begleedung ass en Atout.

Är Missiounen:

  • Ënnerstëtzung bei administrativen an organisatoreschen Demarchen.

  • Pädagogesch Ënnerstëtzung fir d'Autonomie, d'Selbstbestëmmung an d'sozial Integratioun vun de Persounen ze stäerken.

  • Begleedung op extern Rendez-vousen an Visiten Doheem, jee no Besoin.

  • Kooperatioun a reegelméissegen Austausch mat internen an externe Servicer.

  • En individuelle Projet d'accompagnement zesumme mat der Persoun opstellen a reegelméisseg reevaluéieren.

Mir bidden:

  • E Gehalt no der CCT-SAS, Carrière C4 (13. Mount, mindestens 34 Deeg Congé pro Joer an aner Avantagen).

  • Eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem multidisziplinären Team.

  • Eng autonom a flexibel Aarbechtsorganisatioun.

  • D'Méiglechkeet, u professionelle Weiderbildungen deelzehuelen.

Réf. FK2635

R.C.S. Luxembourg : G 34