Search

Agent pédagogique an éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80%

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
locationLuxemburg
VeröffentlichtVeröffentlicht: Heute
Pflege
Vollzeit

n>D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp

d'Haus 12 zu Miersch:

engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecherwäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen deM gesichte Profil entsprëcht,

  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)

  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen

  • Dir hutt de Führerschäin (B)

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 laut Diplom)

  • Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.