Mir stellen an !
Fir ons Equipe an onser Agence mat 14 Mataarbechter zu Bouneweg ze verstärken sichen mir een
Administrativen Gestionnaire (m/f 40 stonnen/Woch CDI)
Är Haaptmissiounen:
- Professionellen Empfang vun eiser Clientèle – perséinlech an um Telefon
- Kompetent Beäntwerte vu Froen an Ufroe vun de Clienten
- Direkten Austausch mat privater a professioneller Clientèle
- Administrative Suivi vun de Clientsdossieren
Mir bidden Iech:
- En familiärt Emfeld an enger dynamescher Equipe vu 14 Matarbeschter
- D’Méiglechkeet, an enger stabiller, dynamescher a professioneller Equipe ze schaffen, déi Deel vun engem renomméierte Grupp ass
- Exzellent Weiderbildungsméiglechkeeten
- Attraktiv Karriärperspektiven an Entwécklungschancen
- Eng Remuneratioun, déi Äre Kompetenzen an Äre Leeschtungen entsprécht
Äre Profil:
- Dir beweist Initiativ, sidd dynamesch an autonom
- Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
- Dir schafft strukturéiert, grëndlech a sidd gutt organiséiert
- Dir hutt Freed um Kontakt mat de Leit an e staarkt Gespier fir en exzellente Clientsservice
- Den Agrement als Assurancen-Agent ass net obligatoresch, mee stellt e Virdeel duer
Wann Dir Iech an dësem Profil erëmerkennt, da schéckt w.e.g. Äre CV an e Motivatiounsbréif un Moovijob.com.